Di fënneft Editioun vum SLAM! ass eraus!

Am Focus vun dëser Editioun dréit sech alles ëm d’Themen Schoul a Léieren. Dobäi sinn eis Jonk ënnerschiddleche Froe nogaang. Di eng hunn sech gefrot, wéi eng Roll eise Schlof beim Léiere spillt, di aner hunn eng Lëscht mat hiren Top a Flop Knäipziedelen zesummegestallt.

Nieft dem Focus gëtt et an dëser Editioun natierlech vill weideres z’entdecken, sou zum Beispill en Interview mam Fernand Boewinger, dem Direkter vun Dräibuer oder eng nei Rezeptiddi an eiser Rubrik Jonk & Kachen.

Eis Ekipp vu jonke Schreiwer vergréissert sech vun Editioun zu Editioun. Mir freeën eis awer ëmmer iwwert weideren Zouwuess! Wanns du Loscht hues deng éischt journalistesch Erfahrungen ze maachen, schéck eis einfach e Mail un info@slam.lu oder facebook.com/slamlux.

De SLAM! gëtt national verdeelt an ausgeluecht. Du kanns der en awer och gratis bestellen oder der op www.slam.lu d’Online-Versioun ukucken. Jonker mat enger Carte Jeunes kréien de SLAM! automatesch heemgeschéckt.

Vill Spaass beim Liesen wënscht dir däiSLAM!2

SLAM!-Team

Pin It on Pinterest

Share This