Den SNJ (Service National de la Jeunesse) sicht fir d’Joer 2016 jonk an dynamesch Leit, déi sech fir déi ënnerschiddlech Formatiounen am Mariendall an zu Lëlz interesséieren. D’Formatioune wéi z.B. Klammen, Mountainbike, Héichseelgaard, Kayak, … gi vum SNJ an deelweis an Zesummenaarbecht mat der ENEPS (Ecole nationale de l’Education Physique et des Sports) vu Januar bis Juli 2016 ugebueden.

No der gewielter Formatioun kann een sech op freelance Basis engagéiere fir Kanner- a Jugendgruppen an den Zentre vum SNJ ze encadréieren.

D’ Konditioune fir d’Umeldung sinn:

  • d’Préinscriptioun era mailen oder schécken,
  • zwëscht 18 a 40 Joer al sinn,
  • Lëtzebuergesch schwätzen a verstoe kënnen,
  • en Extrait vum Casier judiciaire wéinst der Protection des mineurs,
  • 100€ fir Frais de dossier op den SNJ Konto iwwerweisen,
  • de Brevet de sauvetage fir all Waasseraktivitéiten, an
  • eng Kopie vun der Carte de sécurité sociale.

Bei Froen iwwert den Oflaf vun de Formatioune kënnt dir entweder per e-Mail ënnert freelances@snj.lu oder per Telefon um 247 86 496 Äntwerte kréien. D’Umeldung fannt dir ennert www.basenautique.lu an www.marienthal.snj.lu. Den Délai fir sech unzemellen leeft de 16. Dezember 2015 of!

Pin It on Pinterest

Share This