« Mein Numm ass Mélanie, ech hunn d’letzt Joer meng Première gemaach a well ech net direkt wosst wat ech studéiere sollt, hat ech mech decidéiert ee Joer als SVE-Volontaire an d’Ausland ze goen. A lo sinn ech fir 11 Méint an Norwegen a schaffen a liewen op Stiftelsen Grobunn, engem bio-dynameschen Haff, zesumme mat geeschteg behënnerte Jugendlechen.

Genau geholl wunnen ech zesumme mat 4 Volontairen aus Däitschland an enger eegener Wunneng direkt um Haff an d’Schüler an d’Lehrlingen, wéi déi geeschteg behënnert Jugendlech hei genannt ginn, wunnen an anere Gebaier. Eis Aufgab ass et, hinnen ze weise wéi aner Leit an hirem Alter liewen a si am Alldag ze ënnerstëtzen a begleeden.

D’Schüler sinn tëschent 17 an 20 Joer al a ginn, logescherweis, nach an d’Schoul, wou se Musik hunn, Sproochtraining, Sexualkunde a Liesen a schreiwen. Ausserdeem léieren se kachen an am Holz schaffen. Si sinn zu 7 a wunnen zesummen an engem groussen Haus. Si musse léieren an enger Grupp ze liewen a sech u Regelen ze halen. Wa se fäerdeg si mat der Schoul an trotzdem wëllen um Haff bleiwen, kennen se als Lehrling hei um Haff schaffen. Da wunnen se a klengen Haiser zu 2 oder 3 a léiere sou eegestänneg wéi méiglech ze wunnen. Si iessen zwar nach all zesummen an enger Kichen, mee déi eng oder aner kennen awer schonn zB ufänken eleng an hirer Wunneng Kaffi ze drénken.

Well d’Aarbecht mat de Schüler eng ganz aner ass wéi déi mat de Lehrlingen, si mir all fest enger vun deenen 2 Gruppen zougedeelt. Ech schaffe bei de Lehrlingen. Dat heescht: Moies zesumme Kaffi drénken, hëllefe jidderee fäerdeg maache fir op d’Aarbecht, zesumme kachen an iessen no der Aarbecht, d’Haus botzen, an aner Hausaarbechten. Ausserdeem ënnerhuele mer an hirer Fräizäit vill Saachen zesummen. Mir gi spadséieren, an de Kino, an d’Bibliothéik, op Concerten , a wat een nach sou alles mëscht. Eemol d’Woch ginn ech mat hinnen op d’Aarbecht, dann hëllefen ech mat am Stall, am Gaart, an der Schräinerei an am Holzschapp.

Natierlech schwätzen d’Schüler an d’Lehrlingen nëmmen hier Mammesprooch, also Norwegesch, a mir sutzen am Ufank hei an hu kee Wuert verstan. Dunn hate mir och eng Aart Behënnerung an et war zimlech ustrengend. Mee d’Schüler an d’Lehrlingen si mat déi gedëllegste Leit déi ech kennen, an si hunn eis mat ganz vill Zäit a Gedold d’Sprooch bäibruecht. Lo, no 5 Méint, beherrsche mer d’Sprooch zimlech gutt a kënne wonnerbar matdiskutéieren.

Ech si wierklech frou dat ech hei sinn, an ech si frou dat et sou eppes wéi den service volontaire européen gëtt . Profitéiert dovun! Jiddereen tëschent 18 an 30 Joer kann deelhuelen. Et gëtt Projete vun 2 Méint an anerer vun 12, an a sou gutt wéi allen Domainer. Et verdéngt een näischt, mee et kascht och näischt. D’Wunneng (kann och eng Plaatz an enger Famill sinn) gëtt gestallt an et kritt een Iessensgeld an ee klengt Täschegeld. Ech ka wierklech just jidderengem empfielen et ze maachen! »