Reform vum Lycée

Hei kanns de dech lo offiziell fir en Workshop um 10.2. Februar aschreiwen. Moies um 08:45 Auer geet et lass, an da gett an denen 4 Aarbeschtsgruppen un den verschiddenen Aspekter vun der Reform geschafft an Mettes eng Plénière oofgehaalen. Dat ganzt ass um 16:00 Auer färdeg. Du kanns dech nemmen fir een Atelier aschreiwen, an de Ministère offréiert d’Mettesiessen!

Atelier Cycle Inférieur: An desem Atelier geet et haaptsächlech em den Block 7ème/6ème an em den Tutorat.

Cycle supérieur classique: Hei wärt et haaptsächlech em Dominanten goen, mee awer och anner Themen dei den supérieur betreffen.

Cycle supérieur technique: Hei wärt et em d’Aennerungen am Supérieur Technique goen an d’Modalitéiten dovun.

Schoul en général: An desem Atelier gett d’Reform mei grondsätzlech behandelt. Firun allem ginn awer och Themen ugeschnidden, fir déi an der Reform bis elo néicht firgesin ass, awer di par rapport zum aktuellen System an der Debatt sollen opgegraff ginn.

Inscription Informatiounsdaag Reform vum Lycée