D’SLAM! – D’Zeitung fir déi Jonk ass eng gratis Zeitung, déi säit Januar 2014 vum Centre national d’Information pour Jeunes (CIJ) erausbruecht gëtt. Si richt sech u Jugendlecher a gëtt zu engem Groussdeel vun hinnen matgeschriwwen. Bei der SLAM! handelt et sech ëm en Zeitungsmedium (Print an Online), wat di Jonk iwwer Themen informéiert, déi si interesséieren oder interesséieren kéinten. Si ass dobäi kee réngt Informatiounsmedium, mee wëll déi Jonk och zum Matmaachen animéieren. Dës Zeitung bitt Jonken d’Méiglechkeet, sech ënnert verschiddene Formen anzebréngen a sech zu ënnerschiddlechen Themen ze äusseren.

D’SLAM! enthält siwen ënnerschiddlech Rubriken: Lëtzebuerg, International, Focus, Kultur, Gesellschaft, Wëssenswäertes, Klammer op/zou. Am Focus gëtt jeeweils een Thema ervirgehuewen, wat mat deene Jonken zesummen am Kader vun engem Redaktiounstreffen bestëmmt gëtt. Dës Treffen fannen virun all Editioun am CIJ (87, route de Thionville, Luxembourg) statt. Bei dësen Treffen ginn och aner Themen erausgesicht a verdeelt, di Jonk sinn bei hirer Themewiel frei. Well d’SLAM! méisproocheg ugeluecht ass, kënnen di Jonk sech och d’Sprooch an där si schreiwe wëllen eraussichen. Thematesch kann d’Zeitung alles enthalen, wat fir Jonker vun Interesse kéint sinn. Dozou gehéieren souwuel Themen déi d’Politik an d’Gesellschaft betreffen, wéi och Themen aus dem Kultur- a Fräizäitberäich.

D’SLAM! erschéngt regulär véier mol am Joer a gëtt mat enger Oplag vu 15.000 Exemplairen gedréckt. Donieft erschéngen och spezial Editiounen, wéi bspw. d’Edition spéciale fir d’Foire de l’Etudiant. D’SLAM! gëtt ënnert anerem an de Lycéeën, der Universitéit Lëtzebuerg, de Jugendhaiser an am Quick ausgeluecht. D’Zeitung kann och iwwert d’Carte Jeunes gratis abonnéiert oder online op slam.lu/pdf gelies ginn.

Kontakt: www.facebook.com/slamlux oder info@slam.lu 

Titelbild vun der SLAM!12

Titelbild vun der SLAM!12