
- Cet évènement est passé
Symposium sur la pédagogie du jeu
28/03/2019 @ 09:00 - 17:00

De Symposium fir Spillpädagogik riicht sech un Educateuren a Sozialpädagogen aus Maison Relais’en a Jugendhaiser. Et ass den 23. Symposium dee vum SNJ a vum CAPEL zesummen organiséiert gëtt.
All Joer steet de Symposium ënnert engem anneren Thema. Dëst Joer ass d’Thema « Dem Ëmgang mat Medien – Chancen a Grenzen ». De Symposium geet mat engem Virtrag un, duerno gi Best Practice Projete virgestallt, ëm d’Mëttespaus si Stänn an et ass genuch Zäit fir Austausch. Nomëttes si praktesch Workshops, wou d’Leit selwer kënne Saachen ausprobéieren, déi si och kënne mat an hir Maison Relais huelen an do mat de Kanner ëmsetze kënnen.
Kontakt: Anouk Kopriwa, +352 247 86 464